
D'Sportsveräiner an Aktivitéiten aus der Gemeng op enger Plaz.
Hei ka jiddereen déi Sportarten ausprobéieren, déi him Spaass maachen.
Wéini: den 16. september 2023 vun 11h00-18h00 Auer
Wou: bei der Sportshal zu Stengefort (bei schlechtem Wieder an der Sportshal).
Aktivitéiten:
(clickt op d'Aktivitéit fir méi Detailer)
Aquagym, Fussball, Petanque, Schach, Taekwondo, Tennis, Volleyball, Kanneryoga, Yoga / Pilates, Fit50 (Gym), Nordic-Walking* / Trëppeltour.
*P.S: Vergiesst net är Béngelen matzebréngen, wann dir um Nordic-Walking intresséiert sidd.
Animatioun:
Joé Del Toé (Clown)
Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt.
Org.: Sportskommissioun Stengefort an zesummenarbecht mat der Gemeng Stengefort an de Sportsveräiner aus der Gemeng